Invité am Moies-Magazin

Christiane a Clod Thommes

Et ass nees esouwäit. Et gëtt erëm  Fräiliichttheater vun der ASBL Schankemännchen um Prommenhaff zu Groussbous. Um Programm steet dem Jemp Schuster seng Adaptatioun vum Gerhard Hauptmann sengem Klassiker  "Raten" eben der Produktioun vun dësem Joer. Invitéen am Moiesmagasin sinn haut d'Christiane Thommes, Presidentin vun der ASBL Schankemännchen, an de Clod Thommes, Acteur deen scho laang beim Schankemännchen derbäi ass.

 

Rezent Emissiounen

  • Sarah Mathieu

    D'Coordinatrice vum Leader Bureau Lëtzebuerg West erkläert, wat esou extra ass un de Gemenge Garnech, Simmer, Helperknapp, Käerch, Mamer, Miersch a Stengefort.

  • Claude Briade an Anthony Jacopucci

    Den Direkter fir Kommunikatioun an de Responsabele fir d'Kollekt vun de Fonge bei Handicap International Lëtzebuerg Iwwer d'Aktualitéit an de Concert Beat the Blast

  • Frank Wolff

    De Frank Wolff, Directeur adjoint vun der Naturverwaltung, erkläert die nei Panneauen die national Naturschutzgebidder uweisen.

  • Jo Goergen

    Vu Beruff Architekt an Urbanist, schafft hien zanter e puer Joer am Natur- a Geopark Mëllerdall, haaptsächlech als Coordinateur vum Interreg-Projet Dréchemaueren.

  • Heinz-Peter Hoffmann

    De Matgrënner a Leeder vum Festival Tatort Eifel erzielt, wat fir déi zéngt Editioun geplangt ass.

  • Marcel Gengler

    De Beienziichter hat d'Iddi fir d'Asbl Eis Beien ze grënnen.

  • Mathieu Schiltz

    De Mathieu Schiltz ass Kehlkappsänger, Philosophiestudent an der Mongolei a Sportler, mat der Ambitioun eng Equipe fir d'Nomadic Games 2022 op d'Been ze setzen....

  • Steve Kayser

    Muer fänkt déi 679. Editioun vun der Schueberfouer un. Wou kënnt Fouer hier a wéi huet se sech entwéckelt. Äntwerten dorop huet den Historiker a Fouerexpert.

  • Marc Rettel

    De Lëtzebuerger Stand op der Frankfurter Buchmesse ass a Virbereedung. De Coordinateur vum Lëtzebuerger Stand am Gespréich.

  • Brigitte Michaelis & Dr. Yann Gorges

    D'Responsabel fir Kommunikatioun vu Médecins du monde an ee vun den Doktere vun der Welt iwwer hir Summercampagne En été.

  • Nancy Braun

    Nach bis den 31. Dezember 2019 kënne Propose fir Projete fir d'Kulturjoer 2022 agereecht ginn, sou d'Directrice vun Esch 2022.

  • Frédéric Haupert

    10 Joer Solidaritéit an Hëllef dofir steet CARE Lëtzebuerg. Wat do hannendru erkläert den Direkter vun der ASBL.

  • Robert Hall

    Viru 50 Joer war de Woodstock-Festival. Dräi Deeg, an deene Museksgeschicht geschriwwe gouf. Eisen Invité war als 20-Järegen deemools dobäi.

  • Bob Bertemes

    De Liichtathlet huet viru Kuerzem mat 22 Meter 22 en neie Landesrekord am Bommstousse realiséiert. Hie steet op Plaz sechs vun de Weltbeschtleeschtungen.

  • Barbara Gorges-Wagner

    Nolauchteren ass ganz dacks eng vill méi grouss Hëllef, wéi ee kéint unhuelen. Invitée ass d'Barbara Gorges-Wagner vum Kanner- a Jugendtelefon.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen