Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

E Gemeinschaftsbongert zu Kielen

Net jiddereen huet Plaz, vill Leit wëllen awer eppes Konkretes maache fir d'Natur, d'Biodiversitéit, fir d'Insekten an d'Villercher. Dat schreift de Joël Adam op senger Facebooksäit. Hien huet Plaz a wëll e Gemeinschaftsbongert uleeën. Wéi wichteg si Bongerte fir eis Natur a wéi kann ee beim Gemeinschaftsbongert matmaachen? De Joël Adam mat Explikatiounen.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Klangbiller - An der Bakstuff

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen