Invité am Moies-Magazin

D'Dani Jung an de Joël Seiler

Dani Jung a Joël Seiler

Dëse Sonndeg, 21 Juli heescht et nees d'"Kaz am Sak". Et ewell schon déi 4. Editioun vun dëser dach spezieller kultureller Rees déi den Kësnchtlerkollektiv Maskénada offréiert. Et ass nämlech esou datt een am richtegen Sënn vum Wuert d'Kaz am Sak keeft, well keen  am viraus wees, wou a wat een kucke geet. Invitéeën sinn de Moien d'Dani Jung an de Joël Seiler vum Kënschtlerkollektiv Maskénada. Méi Informatiounen iwwert de Projet "Kaz am Sak" fannt der awer och op www.maskenada.lu

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen