Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Beetebuerger Streck: De Chantier suergt fir Onzefriddenheet

Op der Beetebuerger Streck ginn de Moment wéinst engem Chantier d'Zich duerch Bussen ersat. Dat féiert zu méi laangen Transportweeër, chaotesche Situatiounen - a villen onzefriddene Passagéier. Besonnesch d'Associatioun vun den Usagere vum Zuch, deen tëschent Metz an der Stad fiert (AVTERML), reegt sech op iwwer déi aktuell Situatioun. Franséisch Frontaliere géifen dëser Deeg deelweis moies méi wéi duebel sou laang brauche fir op d'Aarbecht ze kommen, respektiv owes erëm heem - dat well si eben zu Beetebuerg op ee Bus mussen ëmklammen. Dat géif net spurlos un de betraffene Leit laanscht goen, seet de Generalsekretär vun der Associatioun AVTERML. D'Françoise Keller huet mam Henri Delescaut geschwat.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen