Invité am Moies-Magazin

Den Eugène Berger am Joer 1992 um Sommet vum Mount Everest (8848 Meter) (Foto: E. Berger)

Eugène Berger

Den 20 Juli 1919, iwwermuer also virun 100 Joer, ass de Sir Edmund Hilary zu Auckland an Neuseeland gebuer. An dëser Deeg wäert bestëmmt op ville Plazen uechter Welt un den Edmund Hillary geduecht ginn, oder besser u säin Exploit. Dem Alpinist Edmund Hillary ass et nämlech zesumme mam nepalesesche Biergsteiger a Sherpa Tenzing Norgay gelongen, den 29. Mee 1953 als éischt Mënschen um Mount Everest ze stoen, deem mat 8.848 Meter héchste Buerg vun der Welt. Mee och mat deem Exploit ass den Edmund Hillary ëmmer mat zwee Féiss um Buedem bliwwen. Hien huet sech säi Liewe laang fir Natur, d'Bierger an och d'Lous vun de Sherpaen agesat. Hien gouf souguer Éierebierger vum Nepal.

Den Edmund Hillary a säi Sherpa vun deemools Tenzing Norgay sinn 1999 op TIME Lëscht vun den 100 bedeitenste Perséinlechkeeten vum 20 Joerhonnert opgeholl ginn. De Edmund Hillary ass den 11. Januar 2008 am Alter vun 89 Joer gestuerwen. Säin Exploit vum Mount Everest ass an d'Geschicht agaangen.

Mee wat heescht et iwwerhaapt, op deem héchste Bierg vun der Welt ze stoen, wéi eng Gedanke ginn engem duerch de Kapp, oder wat kascht dat alles un Ustrengungen?

Invité ass den Eugène Berger, deen Dir vläicht éischter als Politiker an als Deputéierte kennt. Den Eugène Berger ass och mat Leif a Séil Alpinist. An hie stoung als éischte Lëtzebuerger 1992 um Sommet vum Mount Everest.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen