Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Komponisten, déi fir d'Kathedral geschriwwen hunn

De 4. Juli ass an de Staatsarchiven eng Ausstellung ronderëm den 175. Anniversaire vun der Maîtrise vun der Kathedral opgaangen. An dëser Ausstellung sinn och eng Rëtsch Partituren aus dem Fundus vum Chouer ze gesinn, Komponisten, déi haut vläicht eng Grëtz vergiess sinn an net méi opgeféiert ginn. D'Maîtrise huet sech virgeholl, den eegenen Noutenarchiv opzeschaffen a Wierker nei ze publizéieren, dat an Zesummenaarbecht mat de Luxembourg Music Publishers. Den Ufank ass elo gemaach mat dräi Wierker vum Heinrich Oberhoffer.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen