Invité am Moies-Magazin

Den Historiker Denis Scuto

Denis Scuto

"Une histoire contemporaine du Luxembourg en 70 chroniques" ass den Titel vun engem iwwer 600 Säite décke Wierk dat vun Centre for Contemporary History vun der Uni Lëtzebuerg an der  Fondation Robert Krieps editéiert gouf. An den Auteur vun dësem Buch ass den Historiker Denis Scuto, deen der sécher duerch seng Kroniken a Commentaire  hei op der Antenn vum 100,7 kennt. Desweideren ass hien och zanter Februar dëst Joer Directeur Adjoint vun Centre fir Comtemporary an Digital History vun der Uni Lëtzebuerg.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen