Ee Mount, een Thema

André Dübbers

De radio 100,7 verdéift all Mount e speziellen Themeberäich. Dës Programm-Schwéierpunkten zéie sech duerch vill Emissiounen a Reportagen a bidden dem Nolauschterer Hannergrondinformatiounen an deels ënnerschiddlech Approchen zum Thema vum Mount.

Black Revolution

Schonn an de fofzeger Jore gëtt et éischt Protester géint déi krass Diskriminéierung vun der schwaarzer Populatioun an de Vereenegte Staaten, e puer Joer duerno stinn Nimm wéi Martin Luther King, Malcolm X an d'Black Panthers fir de Kampf ëm Gläichberechtegung.

D'USA sinn Enn de Sechzeger wuel nach ëmmer eng gespléckte Natioun wann et ëm Wäiss a Schwaarz geet - mee et fänkt een un openeen zouzegoen, och wann dat e schwéiere Wee ass, voller Obstakelen, am Gesetz, am Alldag a virun allem an de Käpp.

Och musikalesch gëtt schwaarz Musek akzeptéiert an eruewert d'Charts. Zu Woodstock iwwerzeegen ë. a. de Richie Havens a Sly and the Family Stone e gréisstendeels wäisse jonke Publikum. De Fred Medernach mat engem Réckbléck.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen