Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Mayra Andrade - Manga

"Manga" vum Mayra Andrade ass eng Zort musikalesche Lien tëschent Gëschter an Haut - si iwwerrascht déi, déi op pur a reng stinn a riskéiert domadder den net ëmmer einfache Spagat tëschent deem méi rouegen Alldag am Atlantik an de Welten dobaussen, wou d'Liewen nëmmen esou pulséiert. "Manga", dat si souzesoen déi gemittlech Wellen am Hafe vu Mindelo versus d'urban beats, déi veränneren a provozéieren. De Fred Medernach huet eragelauschtert.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen