CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Inspiréiert, ausdrocksvoll a pakend

De Shanghai Symphony Orchestra huet sech viru kuerzem mam Label Deutsche Grammophon zesummegedoe fir Diske mat chinesesche Komponisten ze publizéieren. Op der éischter Sortie fënnt een dofir nieft zwee Wierker vum Fritz Kreisler a Sergei Rachmaninow och zwou Kompositioune vum Qigang Chen. De Remy Franck huet an dësen Disk eragelauschtert a sech virun allem vum Geieconcerto "La joie de la souffrance" mam Solist Maxim Vengerov iwwerzeege gelooss.

Rezent Emissiounen

  • Archipelago

    Wierker fir Perkussioun vum portugisesche Komponist Luís Tinoco.

  • Een Hommage un d'Perkussioun

    Wierker vum portugisesche Komponist Luís Tinoco

  • En orchestrale Klang um Piano

    D'Maria Ivanova an den Alexander Zagarinskiy proposéieren Orchesterwierker vum Mikhail Ippolitov-Ivanov.

  • Phenomeen Mozart

    Déi éischt Symphonië vum Salzbuerger Meeschter mam Freiburger Barockorchester

  • None but the Lonely Heart

    Den Tschaikowsky-Album vum Geiist Daniel Lozakovich

  • Däitsch Romantik

    De Geieconcerto vum Schumann an den duebele Concerto vum Brahms  mat der NDR Phiharmonie 

  • Wahlverwandtschaften

    De Geieconcerto vum Schumann an den duebele Concerto vum Brahms

  • Dem Mozart seng Helden

    "Zero to Hero" heescht en Disque mam Tenor Daniel Behle an dem Orfeo Barockorchester ënner der Direktioun vun der Michi Gaigg.

  • Sonate vum Jan Ladislav Dussek

    Op sengem aktuellen Disk proposéiert de Pianist Marek Toporowski dräi Sonaten op nogebauten historeschen Instrumenter.

  • American Rage

    Wierker vu Komponisten aus den USA.

  • Collaboration

    Fir säin aktuellen Disk huet sech Gittarist Friedemann Wuttke mat lauter verschiddene Museker a Formatiounen zesumme gedoen.

  • Poesie mat engem Blechquintett

    Stay Tuned, den neien Album vum Local Brass Quintet

  • Couleur cuivre

    Den neien Disque vum Quintett "Les Siècles"

  • Detailléiert a mat vill Kontrast

    De Riccardo Chailly dirigéiert Richard Strauss.

  • Continuo, addio

    Den neien Album vum Duo Tartini

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen