Invité am Moies-Magazin

De Claude Mangen

Claude Mangen

Back to the roots wär ee bal tentéiert haut bei eisem Invité vum Dag ze soen. Laang Joere war hien de Programmkoordinateur vun radio 100,7, huet awer elo zanter e puer Méint eng aner Kap un. En ass e neien Challenge siche gaangen, an zwar als Direkter vum Mierescher Kulturhaus, de Claude Mangen, Viru kuerzem huet de Claude Mangen de Saisonsprogramm 2019/20 presentéiert, deen seng Handschrëft dréit. E programm deen Neies bidd, Ongwinntes ma awer och Klassesches an Traditionelles.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen