Papperlapop

Jamie Reinert

Tirangsdenke war gëschter. Genren a Stiler spillen ëmmer manner eng Roll an der Musek. An enger Welt, déi sech séier verännert ass alles erlaabt. Den Jamie Reinert guidéiert Iech duerch den Dschungel vun Tendenzen, schwätzt mat Museker, Labelen a Kritiker a geet de Saachen op de Fong.

Johnny Clegg (1999, Foto: picture alliance / dpa)

Johnny Clegg - De wäisse Zulu

De südafrikanesche Museker an Aktivist ass de 16. Juli am Alter vun 66 Joer gestuerwen. Un der Spëtzt vu senge Gruppen Juluka an Savuka ass hien iwwer d'Landesgrenze bekannt ginn. Seng Banden hunn an engem Mikrokosmos Schwaarz a Wäiss verbonnen a gewisen, datt e Mateneen méiglech ass. Dat war zu enger Zäit, wou den Apartheid System d'Land nach fest am Grapp hat. 1994 hat d'Cynthia Hornick den Johnny Clegg um Mikro. Seng Tournée vum Album "Heat, Dust and Dreams" hat Statioun um Printemps de Bourges gemaach.

Rezent Emissiounen

  • Art Feynman

    Den Dub-Kraut Artist iwwer Musek, Politik an d'Liewen an der Tour-Camionette

  • Geir Sundstøl & Sova Stroj

    En norwegesche Slide Meeschter an e Lëtzebuerger Modularsynthesizer Experimentalist

  • The Breath

    Zwee ganz verschidde Charakteren a Sensibilitéiten treffen openeen

  • Matt Dawson

    Punk, Pedal Steel an John Martyn: E Gespréich mam Veteran aus der Lëtzebuerger Musekszeen

  • Jerry Paper, Madeline Kenney & Odd Beholder

    E Crooner, eng Bäckesch an eng Éisträicherin

  • Caoilfhionn Rose, Gogo Penguin & Ryvage

    En Abléck an d'Musekszeen zu Manchester an dem lëtzbuerger Produzent Ryvage seng Arbecht

  • Son Lux

    De Ryan Lott (Son Lux) iwwer seng villsäiteg Carrière a seng Kompositiounsmethoden

  • Fenster & Q Morrow

    Am Gespréich: D'JJ Weihl vum Berliner experimentelle Pop Projet Fenster an den amerikaneschen Jazz Gittarist Q Morrow

  • Frontier Ruckus & Sandro Perri

    Op Besuch: den amerikanesche Folk-Pop Trio Frontier Ruckus an de kanadeschen experimentelle Pop Museker Sandro Perri.

  • Adrian Crowley & Stuff.

    Op Besuch: den iresche Singer-Songwriter Adrian Crowley an den Bassist bei der belscher Elektro Groove Formatioun Stuff

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen