Invité am Moies-Magazin

Mars Klein a Rudi Schubert

Mars Klein a Rudi Schubert

"Mat spatzer Zong" heesscht déi nei CD vum Schrëftsteller Mars Klein a Museker Rudi Schubert. Déi zwee Kënschtler schaffe schonn zanter e puer Joer zesummen. Bis elo stoung musikalesche Cabaret um Programm. Déi Kéier sinn d'Texter vum Mars Klein vum Rudi Schubert musikalesch interpretéiert ginn. D'Valerija Berdi schwätzt mat hinnen iwwer dës Produktioun awer och iwwer hir artistesch Biografie. Natierlech gëtt och an d'CD erageschnuppert ...

Rezent Emissiounen

  • De Guy Engels iwwert den Neijoerschconcert vu Wien

    Live-Retransmissioun vum Wiener Neijoerschconcert mat de Wiener Philharmoniker aus dem Musikverein e Méindeg kuerz no 11 Auer op der Antenn vum 100,7.

  • D'Karl Marx Joer 2018 zu Tréier

    Mat iwwert 200 Manifestatiounen invitéiert d'Stad Tréier 2018 op hiert Karl-Marx-Joer, dat am Kader vum Philosoph sengem 200. Gebuertsdag.

  • Valerija Berdi mat Luxemburgensia 2

    Der Nathalie Ronvaux hiert neit Buch "Subridere" an dem Rafael David Kohn säi schmuelt Band "Rede vom Theater" ginn zerpléckt.

  • Rosalie Maes

    De Jean-Claude Majerus am Gespréich mat der jonker Schauspillerin iwwer hire Parcours, hier Rollen an Bedeitung vum Theater zanter hirer Kandheet.

  • Valerija Berdi mat Luxemburgensia

    Haut beschwätze mir zwou Lëtzebuerger Publikatiounen: Ulrike Bail: "Die Empfindlichkeit der Libelle" a Cornel Meder: "Bimmermann".

  • Ralf Schnell - Biograph vum Heinrich Böll

    Zum 100. Gebuertsdag vum Heinrich Böll: E Gespréich mam Ralf Schnell iwwer seng Biographie "Heinrich Böll und die Deutschen"

  • Dan Tanson

    De Metteur en scéne, Poppespiller a Schauspiller ass en Artist,deen d'Kanneraen duerch seng Bühnespektakelen un glënnere kritt.

  • Anselme Pau

    Invité am Moiesmagasin beim Jean Claude Majerus ass haut de Komponist a Museker Anselme Pau.

  • De leschten Humpen

    D'Kënschtler Misch Feinen a Serge Ecker versiche mat engem Humpen den industrielle Patrimoine an d'Handwierkskonscht ze revaloriséieren.

  • Schüler froen: Wat ass Meenungsfräiheet?

    31 Schüler an zwou Léierinnen aus der Escher Brillschoul realiséieren de Projet "Meenungsfräiheet wat ass dat?" a maachen och en interessant Buch doraus.

  • Alexandra Oxaceley, Directrice vun der Stëmm vun der Strooss

    D'Organisatioun hëlleft Mënschen an enger schwiereger Liewenssituatioun sech sozial a professionell z'integréieren. E Bilan.

  • Jean Kandel - Lëtzebuerger Lidderarchiv

    De Jean Kandel huet iwwer Joren e Lëtzebuerger Lidderarchiv zesumme gestallt, an deem bis ewell iwwer 4500 Lidder mat Text a Melodie ze fannen sinn.

  • Hortense Deitz a Marcelle Diederich vun Omega 90

    "Liewe kënnen, stierwen dierfen" war de Pilotprojet Palliativ Geriatrie vun Omega 90 an Institutiounen aus der Altersfleeg iwwerschriwwen.

  • Dr. Ingrid Pfeiffer - Kuratorin - Schirn Kunsthalle

    Glanz und Elend in der Weimarer Republik heescht d'Ausstellung zu Frankfurt. 190 Wierker vu méi wéi 60 KënschtlerInnen weisen e reellt Gesellschaftsbild vun de Roaring Twenties.

  • Elisabeth Seimetz: Depressioun - komm mir schwätzen driwwer

    Déi nei national Sensibiliséierungscampagne iwwert Depressiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen