Invité am Moies-Magazin

Mars Klein a Rudi Schubert

Mars Klein a Rudi Schubert

"Mat spatzer Zong" heesscht déi nei CD vum Schrëftsteller Mars Klein a Museker Rudi Schubert. Déi zwee Kënschtler schaffe schonn zanter e puer Joer zesummen. Bis elo stoung musikalesche Cabaret um Programm. Déi Kéier sinn d'Texter vum Mars Klein vum Rudi Schubert musikalesch interpretéiert ginn. D'Valerija Berdi schwätzt mat hinnen iwwer dës Produktioun awer och iwwer hir artistesch Biografie. Natierlech gëtt och an d'CD erageschnuppert ...

Rezent Emissiounen

  • Klaus Doldinger

    Das Boot,Tatort, Liebling Kreuzberg - all dës Filmproduktiounen hun ee gemeinsamen Nenner: d'Musik kënnt vum Komponist a Musiker Klaus Doldinger.

  • Fred Entringer

    De jonke Mann mat lëtzebuergesch-brasilianesche Wuerzelen ass an der Kulturfabrik zu Esch zoustänneg fir Urban Art education.
     

  • Gian Maria Tore

    Den Assitenzprofesser vun der Uni Lëtzebuerg iwwer de Konferenzenzyklus "Penser l'écran"

  • Felix Klein

    Den däitschen "Antisemitismusbeauftragte" war zu Lëtzebuerg, fir iwwert seng Missioun ze schwätzen: Antisemitismus bekämpfen a jiddescht Liewe fërderen.    

  • Adrienne Haan a Jim Goerres

    E Virtrag iwwer Entartete Musik op Invitatioun vu MemoShoah Lëtzebuerg - déi lëtzebuergesch-däitsch Chansonsängerin stellt och hir Musek vir.

  • Odile Simon

    Grenzen ofbauen an de Musek grad wéi am Theater. Dat versprécht déi nei Saison am Cube 521. Méi Detailer mat der Directrice Odile Simon.

  • Marc Vaessen, Jean Zeches & Carine Mertes

    E Schofsziichter, den Direkter vum Tourist Center Klierf, an eng Wollkonschthandwierkerin iwwer d'Méiglechkeeten, déi Schof bidden.

  • Gilles Dostert

    Mam Generaldirekter vum Verkéiersverbond a Member vum Comité économique et social vun der Groussregioun geet rieds iwwer déi europäesch Mobilitéitswoch.

     

     

     

  • Dr. Laurent Schley

    De Biolog freet no Hëllef, mat engem Don, fir déi europäesch Mamendéieren ze schützen.

  • Vincent Artuso

    Den 9. September 1944 gouf d'Gemeng Péiteng als éischt vum Land vun der amerikanescher Arméi befreit. Den Historiker erkläert d'Situatioun, déi Mënschen erlieft hunn.

  • Anita Lanners

    Den 8. September ass zu Wolz am Amphitheater den Do-It-Yourself Festival. Et well een do Kompetenze vermëttele fir eng méi nohalteg Gesellschaft opzebauen.

  • Roger Behrend a Sylvie Paquet

    25.000 Mënsche sinn hei am Land vum Diabetes betraff. D'Association Luxembourgeoise du Diabète probéiert si z'ënnerstetzen.

  • Luc Hoffmann a Steve Melsen

    Mëtt August hunn déi zwee bei der europäescher Schwenk-Meeschterschaft matgemaach an an enger Kategorie gewonnen.

  • Sven Eberhard an Thierry Knop

    D'Invitéen, déi nom Tornado bei den Opraumaarbechten dobäi waren, wëllen d'Emergency Volunteer Aid Team grënne fir bei anere Katastrophen ze hëllefen.

  • Sarah Mathieu

    D'Coordinatrice vum Leader Bureau Lëtzebuerg West erkläert, wat esou extra ass un de Gemenge Garnech, Simmer, Helperknapp, Käerch, Mamer, Miersch a Stengefort.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen