Invité am Moies-Magazin

Mars Klein a Rudi Schubert

Mars Klein a Rudi Schubert

"Mat spatzer Zong" heesscht déi nei CD vum Schrëftsteller Mars Klein a Museker Rudi Schubert. Déi zwee Kënschtler schaffe schonn zanter e puer Joer zesummen. Bis elo stoung musikalesche Cabaret um Programm. Déi Kéier sinn d'Texter vum Mars Klein vum Rudi Schubert musikalesch interpretéiert ginn. D'Valerija Berdi schwätzt mat hinnen iwwer dës Produktioun awer och iwwer hir artistesch Biografie. Natierlech gëtt och an d'CD erageschnuppert ...

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter.png

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen