Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Luxembourg Art Week 2018

Am Kader vun der véierter Luxembourg Art Week 2018 stoungen dräi ëffentlech Konferenzen am Zeeche vun der nationaler- an internationaler Aktualitéit aus der Konschtwelt. Moderatioun hat de Christian Mosar, fräie Curateur, respektiv Konschtkritiker a fräie radio 100,7 Mataarbechter. Verschafft goufen d'Konferenze vum Carlo Link.

"Le marché de l'art en surchauffe", war d'Konferenz vum 9. November 2018 iwwerschriwwen, mat der Georgina Adam, Autorin, Jounalistin a Mataarbechterin bei der Financial Times - The Art Newspaper. D'Georgina Adam hat 2017 d'Buch "Dark Side of the Boom: The Excesses of the Art Market in the 21st Century" publizéiert, an deem si déi verstoppte Säit vum internationale Konschtmaart weist. Zanter deem sinn d'Präisser weider geklommen, wéi de Verkaf a Rekordhéicht vum "Salvator Mundi" weist, deen dem Leonardo da Vinci attribuéiert gëtt. De Konschtmaart - eng Loftblos, déi gläich platze wäert?

Foto: radio 100,7

Big Bucks: The explosion of the art market in the 21st Century (Lund Humphries, 2014)

Dark Side of the Boom: The Excesses Of The Art Market In The 21st Century (Paperback, 2017)

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen