Album vun der Woch

Méindes moies presentéiert ee Journalist aus der Museksredaktioun den Album vun der Woch. D'Lidder vum Disk zéie sech wéi ee roude Fuedem duerch de Programm.

Gena Rose Bruce - Can't Make You Love Me

D'Gena Rose Bruce séngt iwwer eng Bezéiung, déi an d'Bréch geet. Alt erëm eng Plack, déi vun Trauer a Roserei gefiddert gouf. An deem Sënn ass "Can't Make You Love Me" e klassescht katharescht Wierk. Wat déi Kéier erausstécht ass déi verwäsche Mëschung vun diversen Aflëss; Britpop à la Stone Roses, äerdege Rock'n'Roll, simpele Country. Den Jamie Reinert iwwer den Debut vun der Australierin Gena Rose Bruce.

Rezent Emissiounen

  • Agathe Iracema / Feeling Alive

    Op hirem Debutalbum gräift déi gebierteg Brasilianerin a Quartett-Formatioun op Eegekompositiounen, Bossa a just e puer Klassiker aus dem american songbook zréck.

  • Dave Heumann / Here In The Deep

    De Frontmann vun der Rockband Arbouretum huet déi selwer operluechte Kreativpaus net laang ausgehalen. Mat Here In The Deep zerwéiert hie säin éischte Solo-Effort.

  • "Vitals" vun der amerikanescher Rockband Mutemath

    An eiser Rubrik Album vun der Woch huet de Marc Clement haut déi neiste Plack vun enger Band matbruecht, déi an Amerika scho virun e puer Joer Fureur gemaach huet, mee an Europa nach drop waart entdeckt ze ginn

  • Brad Mehldau: 10 Years Solo Live

    E Coffret mat Opnahmen aus zéng Jore Live-Optrëtter vum Brad Mehldau.

  • Ida Sand 'Young At Heart'

    D'Kombinatioun ass net evident: déi schwedesch Jazz-Sängerin Ida Sand covert eng Dose Lidder vum Neil Young. De Kanadier dierft mam Resultat duerchaus zefridde sinn.

  • Lisa Bassenge 'Canyon Songs'

    Chanson meets Jazz, mat Aflëss vu Pop an Elektronik: däi däitsch-iranesch Sängerin Lisa Bassenge covert Kompositiounen aus de 60er a 70er ‘made in California’.

  • Doug Hream Blunt "My Name Is Doug Hream Blunt"

    De Label Luaka Bop an enger Compilatioun d'Musek vum Doug Hream Blunt nei operliewe gelooss.

  • The Arcs mat "Yours, Dreamly"

    Den CD-Tip vund er Woch kënnt vun 'The Arcs' eng voll a ganz nei Band, an dach sinn d'Akteure schonn aus aner Projeten bekannt.

  • Julia Holter: Have You In My Wilderness

    Dee 4. Album vun der US-amerikanescher Singer-Songwriter Julia Holter ass eng modern Versioun vun deem waat an den 1980er Joren den Dream Pop war.

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen