Buch-Tipp fir de Summer

radio 100,7

Summer, Congé, Vakanz ... Momenter, wou een Zäit a Loscht huet, an e flotte Roman eranzedauchen. Mee wat soll ee liesen? Dacks kléngen d'Beschreiwunge ganz villverspriechend, fir sech duerno als langweileg, gehaltlos an zäitverschwenderesch ze entlarven.

D'Mataarbechter vum radio 100,7 liese sech duerch vill nei Publikatiounen. Déi Bescht stelle si vir. Literatur aus aller Welt ass vertrueden.

Lieve Joris - Fonny

Déi belsch Schrëftstellerin Lieve Joris ass bekannt fir hir Reesliteratur. Si ass liewenslaang a Krisegebidder gereest, huet do gelieft a geschriwwen. Elo huet d'Lieve Joris en autobiographesche Roman erausginn, an deem awer net si, mee hir Famill a virun allem hire Brudder Fonny am Fokus steet. De Fonny ass d'Suergekand vun der Famill mat den néng Kanner ... Mat ganz vill Wäermt a Selbstkritik kuckt d'Lieve Joris op hir Kandheet, Jugend an Erwuessesinn zeréck, op eng Famill, an där vill Léift an awer och Verdrängung vill Plaz huet ... En duusse Roman iwwer eng haart Realitéit. Valerija Berdi.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen