Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Georges Bach

No zéng Joer am Europäesche Parlament huet de 64 Joer alen CSV-Europadeputéierten a Gewerkschaftler Georges Bach e Schlussstréch ënner seng politesch Carrière gezunn.

Firwat huet hien dës Entscheedung geholl? Wéi eng Erfarungen huet hien tëschent 2009 an 2019 gemaach? A wéi gesäit hien d'Zukunft vun der Europäescher Unioun a wéi seng eegen Zukunft?

Dat froe mir de Georges Bach. De Serge Kesseler féiert duerch d'Gespréich.

Rezent Emissiounen

  • Jacques Vandivinit

    Mir froen den neien Direkter vum Fonds du Logement, wéi hien nees wëllt Rou an de Betrib kréien.

  • Marianne Welter

    Mir froen d'Presidentin vum Groupement Transport, op hire Secteur an Zäite vum Klimaschutz eng Zukunft huet.

  • Raymond Aendekerk a René Winkin

    Mir froen den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg an den Direkter vun der FEDIL wat si vun der Regierung hirem Klimaplang halen.

  • Jean Schoos

    Nom Récktrëtt vun der Sylvie Mischel froe mir de Parteipresident, wéi wäit ADR-Politiker mat hiren Aussoe kenne goen.

  • Nora Back

    E Gespréich mat där nei gewielter OGBL-Presidentin

  • Robert Harmsen

    Den neien Titulaire vum UNESCO-Léierstull fir Mënscherechter op der uni.lu äntwert op Froe vum Maurice Molitor.

  • Claude Meisch

    Den Educatiounsminister kommentéiert d'PISA-Resultater. De Maurice Molitor an de Simon Larosche féieren duerch d'Gespréich.

  • Luc Heuschling

    Mir froen de Verfassungsexpert vun der Uni firwat eist Grondgesetz muss reforméiert ginn.

  • Sven Clement

    10 Joer no der Grënnung: Mir froen de Piraten-Deputéierten wat seng Partei bis elo politesch areecht huet.

  • Nancy Kemp-Arendt

    D'CSV-Deputéiert presidéiert d'Petitiounskommissioun an der Chamber. Mir froe si, wat ee mat esou Petitioune kann areechen.

  • Simone Beissel

    Mir froen d'DP-Deputéiert firwat et awer keng ganz nei Verfassung gëtt.

  • Invité vum Dag: Tilly Metz a Charel Goerens

    Wat ass vun där neier EU-Kommissioun ze erwaarden? Invitéen sin d'Europadeputéiert, d'Tilly Metz (Déi Gréng), an Charel Goerens (DP)

  • Ralph Schroeder

    Mir froen den Direkter vum Centre Socio-Educatif de l'Etat zu Dräibuer op seng Institutioun d'Roll vum Prisong fir Mannerjäreger kann iwwerhuelen..

  • Eugène Berger

    Mir froen den DP-Fraktiounschef op seng Partei weider voll hannert der aktueller Regierungskoalitioun steet.

  • Mylène Bianchy

    Mir froen d'Presidentin vun der Eisebunnergewerkschaft Syprolux op kleng Gewerkschaften eng Zukunft hunn.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

    • Noriichten

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Trendscheif

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen