Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Bert Sommer - trotz Woodstock vergiess

Fir déi meescht Museker, déi am August 1969 zu Woodstock op der Bühn stoungen, war de Festival e reegelrecht Sprangbriet fir eng international Carrière ze starten oder fir d'Renommee ze festegen. Mee Ausname bestätegen d'Reegel: ee vun de rare Nimm, dee séier an de Vergiess geréit, ass dee vum Bert Sommer.

Dobäi huet de jonke Songwriter vun New York nach eng weider Tromp am Bagage: Enn de siechzeger Jore krut hien d'Roll vum Woofam Broadway-Erfollegsmusical "Hair". Trotzdem packt hien et net eng international Carrière ze starten - sécherlech och, well säin Optrëtt net op den offizielle Woodstock Releasë figuréiert ... a well hien en éischten Album um Label Capitol erausbruecht huet - e Konkurrent vu Warner, déi sech d'Rechter u Bild an Toun sécheren.

De Fred Medernach erënnert un de Bert Sommer, deen 1990 am Alter vun 41 Joer gestuerwen ass.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen