Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Zéng Fraen a Männer op der Bühn

Zu Detroit, am US-Staat Michigan, hunn hënt zéng demokratesch Kandidaten debattéiert. Si wëllen all d'nächst Joer géint den Donald Trump an de Presidentschaftswahle gewannen. Et gëtt esou vill Kandidaten datt haut Donneschden eng weider zéng Fraen a Männer op der Bühn stinn. Gëschter stoungen d'Theme Krankeversécherung, Immigratioun a rezent rassistesch Aussoe vum US-President am Mëttelpunkt. An de Sondagen ass de fréiere Vize-President vir. Hanner him sinn den Ament d'Senateure Bernie Sanders an Elizabeth Warren. Andréck vum Philip Crowther.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen