Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Luxembourg Art Week 2018

"Vingt ans d'art contemporain à Luxembourg - Défis et limites", war d'Konferenz vum 10. November iwwerschriwwen. 

1998 hat Lëtzebuerg d'Manifesta 2, déi nach ganz jonk europäesch Biennale fir Zäitgenëssesch Konscht, opgeholl. Mat der Manifesta koum Lëtzebuerg op d'Weltkaart vun der moderner Konscht, verschidde lokal Kënschtler konnte sech international bekannt maachen. Duerch eng Kombinatioun vu glécklechen Ëmstänn konnt 1996 de Casino Luxembourg - Forum d'art contemporain kreéiert ginn an 1995 war de Succès vum Lëtzebuerger Artist Bert Theis op der Biennale zu Venedeg. Allgemeng d'Begeeschterung koum op, wéi Lëtzebuerg 1995 Capitale Européenne de la Culture gouf, an net ze vergiessen 1995, wéi d'Parlament gréng Luucht ginn hat fir d'Kreatioun vun engem Musée mat moderner Konscht, de spéidere Mudam Luxembourg.

De Conferencier Enrico Lunghi, Curateur a Konschthistoriker, kuckt an dëser Konferenz zeréck op d'Phas vun der kënschtlerescher Entwécklung an hirer Ierfschaft zu Lëtzebuerg, mee och op hir Erausfuerderungen a Limitten.

Moderatioun: Christian Mosar, Montage: Carlo Link.

Enrico Lunghi, Curateur a Konschthistoriker (Archivfoto: radio 100,7)

Extrait Katalog "Manifesta2" Luxembourg, 1998 © Casino Luxembourg - Forum d'art contemporain

Gëlle Fra, Monument du souvenir a "Lady Rosa of Luxembourg" (Sanja Ivekovic) 2001, Foto: © Christian Mosar

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen