Papperlapop

Jamie Reinert

Tirangsdenke war gëschter. Genren a Stiler spillen ëmmer manner eng Roll an der Musek. An enger Welt, déi sech séier verännert ass alles erlaabt. Den Jamie Reinert guidéiert Iech duerch den Dschungel vun Tendenzen, schwätzt mat Museker, Labelen a Kritiker a geet de Saachen op de Fong.

Amanda Palmer (Foto: Kahn and Selesnick)

Amanda Palmer

Si ass méi wéi just eng Sängerin an eng Musekerin: D'Amanda Palmer kann een als Aktivistin bezeechnen. Hier Haaptuleies: Fraerechter, d'Recht op Ofdreiwung a sozial Gerechtegkeet. Et huet een d'Gefill, datt hiert ganzt Wiesen eng eenzeg Performance wier. De 27. September kënnt déi fréier Memberin vun den Dresden Dolls fir e Concert an de Conservatoire. Den Yves Stephany schwätzt mat der Amanda Palmer iwwer hir fënnef Stonne laang Concerten, iwwer Politik a Waltzer an doriwwer, wéi et fir si war, Mamm ze ginn.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen