Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Op de Spure vum Superjhemp

Bis den 29. November ass am Mierscher Literaturzentrum eng grouss Ausstellung iwwer d'BD "Superjhemp" ze gesinn. Mee et ass net just den Nationalheld, deen am Fokus vun dëser Expo steet, mee och d'Geschicht vun der BD zu Lëtzebuerg, d'Zesummenaarbecht vum Zeenarist Lucien Czuga a vum Zeechner Roger Leiner, d'Entwécklung an d'Charakteristiken vun den eenzele Figure beim Superjhemp a villes méi. Fënnef Säll - fënnef Themen - d'Valerija Berdi presentéiert an enger Serie all eenzele Sall. Kommt mat op eng radiophonesch Visite vun der Ausstellung "De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck".

Am 3. Sall vun der Expo kann een dem Superjhemp säin Emfeld an d'Entwécklung vun de Figuren ënner d'Lupp huelen.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen