ZäithistorikerIn

Denis Scuto Vincent Artuso Jacques Maas

Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an d'Renée Wagener analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.

Aféierung vum Aachtstonnendag nom Éischte Weltkrich

An enger Zäit, an där eng Rei rietsgeriichte Regierungen an Europa beschloss hunn déi gesetzlech fixéiert Aarbechtszäit nom Prinzip vun der Flexibiliséierung nei auszeriichten; an enger Zäit, an där verschiddentlech Patronatsvertrieder mat der Iddi kommen, déi legal Aarbechtszäit nees ze erhéijen; an enger Zäit, an där d'Numeriséierung an d'Robotiséierung riskéieren zu massivem Aarbechtsplazofbau ze féieren, ass et net oninteressant e Bléck op d'progressiv Reduzéierung vun der Aarbechtszäit an der Lëtzebuerger Gesellschaft ze riichten, an an deem Kontext virop op d'Bedeitung vun der Aféierung vum Aachtstonnendag, de 14. Dezember 1918, deemno virun honnert Joer. Den Zäithistoriker Jacques Maas.

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen