Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.
CD-Klassik


"After the Darkness" mat engem Sträichtrio
Den Hague String Trio besteet aus dräi Dammen, déi beim Label Cobra Records en Disk erausginn hu mat Komponisten, déi zum gréissten Deel all am Zweete Weltkrich verfollegt an ëmkomm sinn. De passenden Titel "After the Darkness" léisst Düsteres, mee och méi hell Momenter vun Hoffnung duerch. Eisen CD-Tipp mam Manuel Ribeiro.
Wierker vum: Hans Krása, Gideon Klein, László Weiner, Dick Kattenburg an Mieczyslaw Weinberg; Hague String Trio; Cobra Records 0065
Rezent Emissiounen
Net verpassen
-
Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven
De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen