Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Léna et Louise

D'Léna an d'Louise Kollmeier komme vu Parrette - Parrt op Lëtzebuergesch - direkt hanner der Grenz an der Province du Luxembourg. Béid Schwëstere si Pianistin an am Gaangen, sech lues awer sécher eng Carrière opzebauen. D'Léna Kollmeier forméiert mat der Sopranistin Stéphany Ortega den Duo Rosa an ass och Deel vum Trio O3. Zesumme mat hirer Schwëster Louise spillt si och am Duo. De 15. August si béid Schwësteren um Water Festival zu Etalle mat zwou Uropféierungen: "From Red to Blue" vum Camille Kerger a "Pichincha" vun der Virginie Tasset. 

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen