ZäithistorikerIn

Denis Scuto Vincent Artuso Jacques Maas

Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an d'Renée Wagener analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.

Den 9. an 10. Januar 1919: Revolutiounsdeeg zu Lëtzebuerg

D'Zäit nom Éischte Weltkrich ass eng Epoch vu Revolutiounen a Biergerkricher. Eleng an de Joren tëschent der Februar-Revolutioun vun 1917 a Russland an dem Joer 1920 koum et an Europa zu net manner wéi 27 méi oder manner gewaltsame Muechtwiessel. Och zu Lëtzebuerg sollt 1919 en turbulent Joer ginn: Virun 100 Joer, direkt um Joresufank, den 9. Januar 1919, huet eng republikanesch-revolutionär Volleksbeweegung d'Republik zu Lëtzebuerg ausgeruff. D'Chronik vun den zwee Deeg vum Zäithistoriker Jacques Maas.

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen