Lëtzebuerg entdecken

Claude Faber Pit Walté

De Summer duerch hëlt de radio 100,7 Iech mat op déi schéinste Plaze vum Land, déi méi oder manner bekannt, mee sécher der wäert sinn entdeckt ze ginn. Donieft stellt de radio 100,7 Iech eng Rei vun de Campinger aus dem Grand-Duché an d'Leit, déi do Vakanz maachen, vir.

Camping Clervaux

Viru genee 60 Joer huet d'Klierfer Gemeng hire Camping op en Terrain vun der Famill Meyer konnte bauen. Haut gëtt et do 120 Stellplazen, eng Indoor-Spillplaz, eng gehëtzten, oppe Schwämm an eng vun de wéinege Minigolf-Anlagen hei am Land.

Rezent Emissiounen

  • De Camping Du Moulin

    Am Joer 1812 ass d'Buerschenter Millen an de Besëtz vun der Famill Kremer komm, deemols fir 10.302 Frang. Och de Camping Du Moulin gehéiert haut nach der selwechter Famill.

  • "Wann d'Rief laanscht d'Musel dofteg bléit ..."

    Op der Musel ginn d'Lauschtouren ugebueden, wou den Handy dann de Guide spillt. A bei de Wäin-Trëppeltier geet et an d'Wéngerten.

  • Camping Kautenbach

    Dem Camping Kautebaach ass et wichteg, datt den urspréngleche Geescht vum Camping bestoe bleift: d'Zesummesinn an der Natur.

  • Den Aquarium zu Waasserbëlleg

    A 15 verschiddenen Aquariume gi Fësch vun de fënnef Kontinente gewisen.

  • Camping Beaufort Plage

    De Camping Beaufort Plage huet schon eng gutt Zäitche virum Flying Dutchman seng Dieren opgemaach.
     

  • De Conservatoire National de Véhicules historiques

    35 Gefierer aus verschiddenen Epoche gesäit een am Auto-Musée zu Dikrech.

  • Camping Martbusch

    Eenzegaarteg Fielsformatiounen, schmuel Schluchten an däischter Grotten. Dat kann hei am Land nëmmen an der Lëtzebuerger Schwäiz sinn. 

  • De Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher

    600 verschidde Pimpampel-Aarte kann een do am klengen tropesche Bësch entdecken.

  • Camping Liefrange

    "Lipp, lapp, lipp, lapp, de Piirmes-Männche läit um wäisse Knapp" hunn d'Kanner nach laang Zäit an der Géigend ronderëm Léifreg gesongen.

  • D'Buerschter Schlass

    Zu Buerschent kann ee sech déi gréisste Ruinen-Anlag vu Lëtzebuerg ukucke goen. Nieft der Geschicht, erwaart een do och eng flott Vue.

  • Camping Bissen

    Déi eenzeg aacht-eckeg Kapell hei am Land, ganz am neogotesche Stil gebaut, steet net wäit vum Camping Bissen ewech.

  • Op de Spure vun Europa

    1985 gouf op der Musel de Schengen-Accord ënnerschriwwen. Am Europa Musée ginn et d'Hannergrënn.

  • Camping Bleesbréck

    Eng Stënnchen huet de Benni deemools gebraucht, fir déi 14 km laang Streck tëschent Dikrech a Veianen ze fueren.

  • D'Natur am Zeeche vum Biergbau

    De Biergbau ass am Süden net nëmmen Thema an de verschiddene Muséeën, mee och wann een duerch d'Natur geet, ass en nach iwwerall present.

  • Camping Ettelbruck

    Vum Ettelbrécker Camping aus huet een eng wonnerbar Vue op den Hinnchen op der Nuck.

Programm

  • Papperlapop - Itasca

  • On air

    The Benny Brown Show

  • Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen