Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Den Donald Trump besicht El Paso

No zwou déidleche Masse-Schéissereie leschte Weekend huet den US-President Donald Trump d'Stied Dayton an El Paso besicht. 30 Leit goufen an deene Stied an zwee Massaker erschoss. An der Grenzstad El Paso, am Texas, ass de verdächtegen Amokleefer e Rietsextremist. Vill Demokraten a vill Leit an der traumatiséierter Stad gesinn den Donald Trump als Matschëllegen un. D'Manifestante kruten de President awer net ze gesinn. Eise Korrespondent Philip Crowther mam Resumé vum Dag.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Invité am Moies-Magazin - Valerija Berdi

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen