
Lucie Schneider, Annie Nickels-Theis, Marco Schank
"D'Fra ouni Gesiicht" - deen neie Fräiliichtspektakel um Buurschter Schlass huet muer Première. De Marco Schank huet dat historescht Krimistéck geschriwwen, op d'Bühn bruecht gëtt et ënner der Regie vun der Lucie Schneider. D'Annie Nickels-Theis ass Presidentin vun de Buurschter Schlassfrënn. Déi dräi erziele wourëm et an dësem Stéck geet, wat op historesche Fakte baséiert, an an engem historesche Kader ënner fräiem Himmel opgeféiert gëtt.