CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Eng spannend Entdeckung

Zara Levina, eng bedeitend russesch Komponistin aus dem 20. Joerhonnert, war eng exzellent Pianistin. Fir awer méi Zäit fir d'Komponéieren ze hunn, huet si bewosst op eng solistesch Carrière verzicht. Reminiszenzen un hiert aussergewéinlecht Kënnen als Pianistin fënnt een an den zwou Pianossonaten, déi et op enger neier Opnam mat weiderer Kammermusek vun der Zara Levina ze héiere gëtt.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Riicht eraus mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza

    S. Allegrezza.jpg

    An der Emissioun Riicht eraus e Sonndeg leeë mir Zuelen op den Dësch. Mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza geet rieds iwwer déi vill Statistiken, déi de STATEC fir d'Bierger, d'Politik an d'Entreprisë mécht.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen