Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Atiq Rahimi

2008 kritt den afghanesche Schrëftsteller Atiq Rahimi de Prix Goncourt fir säi roman "Syngué sabour. Pierre de patience". 1984 hat de Rahimi Asyl a Frankräich kritt, nodeems hien aus Afgahnistan iwwer Pakistan a Frankräich geflücht war. Dëst Joer huet hien zu Saint-Malo um Festival Étonnants voyageurs säin neie Roman "Les porteurs d'eau" virgestallt. Bei där Geleeënheet ass d'Valerija Berdi dem Schrëftsteller begéint.

 

Rezent Emissiounen

  • De radio 100,7 live op der Nuit des Musées

    5 Stonne laang mellt sech de radio 100,7 den Owend vun der 19. Editioun vun der Nuit des Musées.

  • CinEast: Eng Relatioun ouni Kanner ass e Stigma ...

    "Ajvar huet déi gemeinsam Charakteristik vun Immigrantevalissen." Ana Maria Rossi, Regisseurin vum Film "Ajvar".

  • Expo vun New Yorker Graffiti-Gréisst zu Lëtzebuerg

    D'New Yorker Graffiti-Legend COPE 2 stellt am Moment am Sumo senger Galerie aus.

  • CinEast: Mënschenhändler ausgeliwwert

    Mënschenhandel a Schwaarzaarbecht stinn am Mëttelpunkt vum effikasse lettesche Film "Oleg", deen eng verstoppte Realitéit an eiser Gesellschaft opdeckt.
     

  • Der Julie Wagener hire Bléck duerch déi rout Lëns

    D'Illustratrice huet fir den Escher Site "Rout Lëns" 60 Fändelen entworf, déi fir Passante wéi e Flip-Book funktionéiere sollen.

  • CinEast: Kleeder maache Leit

    Den Deuil, d'Schold, d'Kraaft fir ze verzeien: de ganz iwwerzeegende polnesche Film "Corpus Christi" behandelt dës schwiereg Themen op eng originell Aart a Weis.

  • Wäiss a Schwaarz mam Maurice Clement

    An der Pianosemissioun Wäiss a Schwaarz steet dës Kéier d'Improvisatioun am Mëttelpunkt. Invité ass den Organist an Improvisator Maurice Clement.

  • Soziale Wunnengsbau: Table ronde a Vernissage

    Beim Vernissage vun der Ausstellung "is this it" gouf et eng Table ronde mam Thema sozial Wunnengen an der Stad Lëtzebuerg.

  • Nei Filmer

    Och wann de Filmfestival Cineast a seng zweet Woch geet, esou lount sech och de Bléck op déi nei Kinosfilmer.

  • CinEast: Eng Plaz an der Sonn fir Litauen

    Enn 1930er Joren. D'Onofhängegkeet vu Litauen steet op der Kipp. E Geograf weess, wéi een d'Natioun rette kéint. Kritik vum Kompetitiounsfilm "Nova Lituania".

  • Queer Loox

    Haut geet an de Rotonden déi nei Saison fir Queerloox un: eng Handvoll Filmer, an deenen et ëm LGBTQ-Theme geet.

  • Ruth Garbus

    D'Musekerin aus dem Vermont geet op "Kleinmeister" an den Detail.

  • Luxembourg - Arles - Luxembourg

    D'Expo weist Fotokonscht vu Lëtzebuerger Kënschtler, déi fir d'Rencontres d'Arles selektionéiert goufen.

  • Sammelen, erfaassen an zougänglech maachen

    De Centre d'études et de documentation musicales a seng Aufgaben

  • Den Ginger Baker ass dout

    Den tempramentvollen Drummer vun der legendäer britescher Band ronderëm de Eric Clapton ass gëschter am Alter vun 80Joer gestuerwen.

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen