Pro-Phil

D'Philsophen Thomas Koenig, Gilles Retter a Joel Holtzem diskutéieren iwwer aktuell Themen aus alle Beräicher vun der Gesellschaft a kucken, wéi eng philosophesch Meenungen an Iwwerzeegungen am internationale philosopheschen Discours vu fréier an haut ze fanne sinn, fir esou en anere Bléck op déi gesellschaftlech Aktualitéit ze geheien.

Kënnen d'Lëtzebuerger mat hire politesche Fräiheeten ëmgoen?

D'Philosopheronn probéiert dës Fro ze beäntwerten. Am Studio sinn déi dräi Philosophen Thomas Koenig, Gilles Retter a Joel Holtzem a fir dës grondleeënd Fro kënnen ze beäntweren, hu si de Marc Schoentgen vum Zentrum fir politesch Bildung an de Studio invitéiert. Duerch d'Gespréich féiert den Thomas Koenig.

Rezent Emissiounen

  • Bildung - Just another Brick in the wall

    Wourëm geet et an der Bildung? Ëm sozial Integratioun oder ëm Selbstverwierklechung? A wéi soll dat an enger Welt klappen, déi sech ëmmer méi séier verännert?

  • Sex an der Natur, Gender an der Kultur!

    Si Gender a Sex Konzepter, déi biologesch oder kulturell bestëmmt sinn? Brauche mir esou Iddien iwwerhaapt nach? A wisou si se esou problematesch?

  • Kënnen d'Lëtzebuerger mat hire politesche Fräiheeten ëmgoen?

    D'Philosopheronn probéiert dës Fro ze beäntwerten.

  • Medien

    Déi traditionell a sozial Medien, hir Roll an hiren Afloss op de Mënsch an d'Gesellschaft am Mëttelpunkt vun de philosopheschen Diskussiounen.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen