Musek am Gespréich

Et entstinn ëmmer erëm nei Initiativen, während gläichzäiteg al Formater a Fro gestallt ginn. Lëtzebuerger Museker doen ëmmer nees mat neie Projete vu sech schwätzen a Weltstare visitéieren a reegelméissegen Ofstänn de Grand-Duché. E variabelt Format fir alles dat, wat déi klassesch Musek zu Lëtzebuerg ubelaangt, gekoppelt mat der passender Musek.

Alexander Müllenbach

Alexander Müllenbach

Den 23. Januar 2019 krut den Alexander Müllenbach 70 Joer. Seng éischt Statioun war de Stater Conservatoire, éiert hien, nach als Teenager, op Paräis un de Conservatoire National Supérieur studéiere gaangen ass. 1970 gëtt hie Professer fir Piano am Stater Conservatoire, entscheet sech spéider säi Wunnsëtz op Salzburg ze verleeën, wou hien um Mozarteum Kompositioun, Tounsaz an Improvisatioun enseignéiert.

Am Gespréich mam Luc Boentges gëtt den Alexander Müllenbach en Abléck a säi Liewen, d'Bedeitung vum Piano a sengem Alldag, seng Tâche als Enseignant a seng Vue op d'Inspiratioun.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen