Espresso Beats

Philippe Hansen

All Woch reent et nei Relasen déi d'Museklabelen uechter d'Radiolandschaft schécken. Am Espresso Beats maache mir all Samschdeg de Choix a proposéieren eng Selektioun vun topaktuellen Titelen ... dacks schonns virun hirer offizieller Sortie! Als Vintage-Beitrag kucke mir doriwwer eraus op en eelere Song deen Androck hannerlooss huet. Mam Philippe Hansen.

Espresso Beats

Muse kann een als kolossal Band betruechten. 1999 goung et lass, deemools war et d'Sortie vun hirem Debut Album "Showbiz". De Marc Clement kuckt am Twenty/Twenty  zeréck op hir éischt Single aus engem Summer, dee schonn zwanzeg Joer hier ass: "Uno".

Den Trey Gruber ass e jonken amerikanescher Museker. Gewiescht. 2017 gestuerwen, huet den talentéierte Museker vu Chicago tonneweis Demo-Opnamen zeréckgelooss. Dës Skizze sinn elo um Album "Herculean House of Cards" ze héieren. An deen Album presentéiert dem Tom Dockal als Album vun der Woch.

U sech war d'Minnie Riperton scho mat engem Fouss aus dem Museksbusiness eraus, wéi Agente vun Epic Records virun hirem Haus am Florida stounge mat engem neie Kontrakt. Et war 1973, an d'Soul-Sängerin wollt sech op hiert Familljeliewe konzentréieren. Fir hir zwee Kanner an hire Mann do sinn. De Wee zeréck zur Musek huet awer net laang op sech waarde gelooss. De Jamie Reinert presentéiert hiren zweete Solo Album "Perfect Angel".

Nieft dem Concertstipp, dem Pit Walté sengem Besuch am Studio an dem Philippe Hansen senger perséinlecher Playlist, lafen déi bescht nei Indie- a Major Label Stécker, dorënner fusch nei Singelen ë. a. vum DJ Shadow, Larkins, Hether, Metronomy, Photay, Freedom Fry an DJ St.Thomas.

Rezent Emissiounen

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Et ginn nees dräi Stonne mat gudder Musek, dem Concertstipp, dem Album vun der Woch, den Déjà-Vu an nees eppes frësch Gepresstes.

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Exzeptionell véier Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen