Album vun der Woch

Méindes moies presentéiert ee Journalist aus der Museksredaktioun den Album vun der Woch. D'Lidder vum Disk zéie sech wéi ee roude Fuedem duerch de Programm.

Pixx - Small Mercies

"Small Mercies", den zweeten Album vu Pixx, kléngt wéi e grousse Konveniat vun der Indiemusek. Hanner dem Pseudonym Pixx stécht déi jonk Londonerin Hannah Rodgers. Si verbënnt clever Melodië mat queeschen Arrangementer. 

Rezent Emissiounen

  • Dyson Stringer Cloher - s/t

    Feministesche Rock vun Down Under, deen duerch den Americana-Wollef gezu gouf.

  • Devendra Banhart - Ma

    Op sénger 10. Solopack "Ma" beschäftegt sëch den Devandra Banhart mat sénge südamerikanesche Wuerzelen an de batterséissen Erkenntnisser vun der Liewensmëtt.

  • One True Pairing - One True Pairing

    E Soundtrack fir schwiereg Zäiten.

  • Rocko Schamoni - Musik für Jugendliche

    "Musik für Jugendliche" - net d'Konzept vu Bravo Hits, mee den Titel vun engem 53-Joer alen Entertainer.

  • Adam Green - Engine of Paradise

    Déi bizar Welt vun de mënschleche Paradiesmaschinnen erfuerscht den Adam Green an engem weideren, a besonnesch gelongenen Album.

  • Whitney - Forever Turned Around

    Déi zwee Kolleegen aus der "wandeger Stad" liwwere Balsam fir d'Séil.

  • Joan Shelley - Like The River Loves The Sea

    Am Atlantik tëschent zwou Folk-Traditiounen

  • Marika Hackman - Any Human Friend

    Den drëtten Album vun der britescher Singer-Songwriterin verbënnt Pop-Experimentation mat enger natierlech presentéierter Intimitéit.

  • Pixx - Small Mercies

    "Small Mercies", den zweeten Album vu Pixx, kléngt wéi e grousse Konveniat vun der Indiemusek. Déi jonk Londonerin Hannah Rodgers verbënnt clever Melodië mat queeschen Arrangementer. 

  • Trey Gruber - Herculean House of Cards

    Indie Skizze vum Feinsten vun engem Museker, deen zu Liefzäiten net d'Méiglechkeet hat, säin Talent engem grousse Publique ze weisen.

  • Gena Rose Bruce - Can't Make You Love Me

    En erfrëschend a kathartescht Indie-Wierk vu Melbourne

  • Blood Orange - Angel's Pulse

    Dee fuschneie Mixtape ass eng Fragmentsammlung, déi ze wäertvoll ass fir am Tirang vergiess ze ginn.

  • Mega Bog - Dolphine

    Hire fënneften Album exploréiert d'Iddi, datt e puer Mënschen am Laf vun der Evolutioun net u Land gaangen, mee am Waasser bliwwe sinn.

  • Hot Chip - A Bath Full Of Ecstasy

    Wahrscheinlech dee beschten Album vum britesche Quintett

  • Thom Yorke - Anima

    De Radio Head Nummer 1 - den Thom Yorke - presentéiert Soloalbum Nummer 3.

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen