Album vun der Woch

Méindes moies presentéiert ee Journalist aus der Museksredaktioun den Album vun der Woch. D'Lidder vum Disk zéie sech wéi ee roude Fuedem duerch de Programm.

Pixx - Small Mercies

"Small Mercies", den zweeten Album vu Pixx, kléngt wéi e grousse Konveniat vun der Indiemusek. Hanner dem Pseudonym Pixx stécht déi jonk Londonerin Hannah Rodgers. Si verbënnt clever Melodië mat queeschen Arrangementer. 

Rezent Emissiounen

  • Album vun der Woch - Soul Sok Séga

    Funky mauritesch Musek aus de 70er, dat sinn d'Stëchwierder fir eisen aktuellen Album vun der Woch.

  • Lucinda Williams - The Ghosts Of Highway 20

    14 Geschichten rondrëm den Interstate 20, d'Strooss, déi vun Texas bis eriwwer a South Carolina féiert. Erliefte Souvenire, vill Melancholie a kaum en Happyend ...

  • Myriad Road vum Natacha Atlas

    D'Sängerin distanzéiert sech vun hirem reng ortientalesche Genre a vermëscht e mam Jazz vum Ibrahim Maalouf, deen den Album och produzéiert huet.

  • Lyambiko - Muse

    Déi däitsch-afrikanesch Sängerin an hiren Jazz-Trio presentéiere 14 Kompositiounen, déi vu Frae geschriwwen oder ko-komponéiert guefen.

  • Distance, Light & Sky - Casting Nets

    Zäit hunn ass sech Zäit huelen: den Debutalbum vum Trio 'Distance, Light & Sky' ass e rouegt Wierk, vill songwriting, dacks akustesch gehal, onopgereegt an awer mat Charme ...

  • Agathe Iracema / Feeling Alive

    Op hirem Debutalbum gräift déi gebierteg Brasilianerin a Quartett-Formatioun op Eegekompositiounen, Bossa a just e puer Klassiker aus dem american songbook zréck.

  • Dave Heumann / Here In The Deep

    De Frontmann vun der Rockband Arbouretum huet déi selwer operluechte Kreativpaus net laang ausgehalen. Mat Here In The Deep zerwéiert hie säin éischte Solo-Effort.

  • "Vitals" vun der amerikanescher Rockband Mutemath

    An eiser Rubrik Album vun der Woch huet de Marc Clement haut déi neiste Plack vun enger Band matbruecht, déi an Amerika scho virun e puer Joer Fureur gemaach huet, mee an Europa nach drop waart entdeckt ze ginn

  • Brad Mehldau: 10 Years Solo Live

    E Coffret mat Opnahmen aus zéng Jore Live-Optrëtter vum Brad Mehldau.

  • Ida Sand 'Young At Heart'

    D'Kombinatioun ass net evident: déi schwedesch Jazz-Sängerin Ida Sand covert eng Dose Lidder vum Neil Young. De Kanadier dierft mam Resultat duerchaus zefridde sinn.

  • Lisa Bassenge 'Canyon Songs'

    Chanson meets Jazz, mat Aflëss vu Pop an Elektronik: däi däitsch-iranesch Sängerin Lisa Bassenge covert Kompositiounen aus de 60er a 70er ‘made in California’.

  • Doug Hream Blunt "My Name Is Doug Hream Blunt"

    De Label Luaka Bop an enger Compilatioun d'Musek vum Doug Hream Blunt nei operliewe gelooss.

  • The Arcs mat "Yours, Dreamly"

    Den CD-Tip vund er Woch kënnt vun 'The Arcs' eng voll a ganz nei Band, an dach sinn d'Akteure schonn aus aner Projeten bekannt.

  • Julia Holter: Have You In My Wilderness

    Dee 4. Album vun der US-amerikanescher Singer-Songwriter Julia Holter ass eng modern Versioun vun deem waat an den 1980er Joren den Dream Pop war.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen