Buch-Tipp fir de Summer

radio 100,7

Summer, Congé, Vakanz ... Momenter, wou een Zäit a Loscht huet, an e flotte Roman eranzedauchen. Mee wat soll ee liesen? Dacks kléngen d'Beschreiwunge ganz villverspriechend, fir sech duerno als langweileg, gehaltlos an zäitverschwenderesch ze entlarven.

D'Mataarbechter vum radio 100,7 liese sech duerch vill nei Publikatiounen. Déi Bescht stelle si vir. Literatur aus aller Welt ass vertrueden.

Der Matrose im Schrank vum Hugo Hamilton

2006 bréngt den iresche Schrëftsteller Hugo Hamilton e Buch eraus, ënner dem Titel "Der Matrose im Schrank". Wéi esou dacks bei Ire geet et hei ëm Identitéit, déi gespierten Oppressioun vum Vollek vun de Briten. Den Hugo Hamilton geet net just dëst Thema a sengem Buch duerch, mee och de Konflikt, deen hien als Jugendleche mat sengem Elteren ëmmer erëm ze verdauen hat. Des weideren hat den Hamilton mat sengen däitschen Originne vun der Mamm hire Säit et och net einfach.

De Manuel Ribeiro aus der klassescher Museksredaktioun, huet d'Buch dëse Summer gelies.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen