Papperlapop

Jamie Reinert

Tirangsdenke war gëschter. Genren a Stiler spillen ëmmer manner eng Roll an der Musek. An enger Welt, déi sech séier verännert ass alles erlaabt. Den Jamie Reinert guidéiert Iech duerch den Dschungel vun Tendenzen, schwätzt mat Museker, Labelen a Kritiker a geet de Saachen op de Fong.

John Parish

John Parish & Tom Bridgewater

Hien ass net nëmmen déi riets Hand vun der PJ Harvey, mee stécht hanner Produktioune vu Sparklehorse bis hin zu This Is The Kit. Am Summer koum donieft seng nei Solo-Plack "Bird Dog Dante" eraus. Den Jamie Reinert ënnerhält sech mam John Parish iwwer seng Produktiounsphilosophie an d'Magie vum Songwriting.

Den zweeten Invité ass den Tom Bridgewater. De Mann hanner dem Americana Label Loose Music, deen zu London baséiert ass. Wéi ass hire Selektiounsprozess a wat fir en Impakt wäert de Brexit op de Betrib hunn. Äntwerte ginn et am Papperlapop.

Playlist:

  1. John Parish - Rachel (Bird Dog Dante, 15.06.2018 - Thrill Jockey Records)
  2. John Parish - Sorry For Your Loss (Bird Dog Dante, 15.06.2018 - Thrill Jockey Records)
  3. John Parish - The First Star (Bird Dog Dante, 15.06.2018 - Thrill Jockey Records)
  4. Sturgill Simpson - Turtles All The Way Down (Metamodern Sounds In Country Music, 13.05.2014 - Loose Music)
  5. Israel Nash - The Widow (Lifted, 27.07.2018 - Loose Music)
  6. Courtney Marie Andrews - May Your Kindness Remain (May Your Kindness Remain, 23.03.2018 - Loose Music)
  7. Brendan Eder Ensemble - Purple (Single, 17.11.2018 - self-released)
  8. Ali Hassan Kuban - Hanwil Tanza (From Nubia to Cairo, 16.11.2018 - Piranha Records)

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen