Parkanlagen aus der Stad an iwwer Land

Martine Reuter

Wien an der Stad wunnt, huet mam Park e Stéck Natur direkt virun der Dier. Déi meescht vun dëse grénge Longen an der Stad Lëtzebuerg goufen no der Festungschléifung ugeluecht. Mee och op anere Plazen uechter d'Land fënnt een esou gréng Zonen. Froen deenen dës nei Serie nogeet: Wéini sinn dës Anlagen entstanen, wat fir Beem a Sträicher ginn ugeplanzt a wéi grouss ass den Aarbechtsopwand beim Ënnerhalt? 

Den Escher Gaalgebierg

Och d'Stad Esch huet, net wäit ewech vun der Gare, e grousse Park. Den ënneschten Deel vun dësem Park ënnerscheet sech net vill vu Gréngflächen an anere Stied, mee wann een e méi laange Spadséierwee mécht, da gëtt ee ganz uewen um Gaalgebierg mat méi wéi nëmme schéine Planzen a Beem belount.

 

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen