Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Gespréicher ronderëm den Tornado

D'Rubrik "Invité vum Dag" kënnt fir eemol net aus dem Studio um Kierchbierg, mee vu Péiteng. An et geet - natierlech - ëm den Tornado vum leschte Freideg a seng Konsequenzen. De Maurice Molitor schwätzt doriwwer mat Leit, déi gelidden a mat Leit, déi gehollef hunn.

Rezent Emissiounen

  • Josée Lorsché

    Mir schwätze mat der grénger Fraktiounscheffin iwwer zentral Sujete fir déi politesch Rentrée.

  • Invité vum Dag: Nicolas Schmit

    Den aktuellen Europadeputéierten a fréieren Aarbechtsminister soll EU-Kommissär fir d'Aarbecht ginn. Wéi geet hien dat un? Wéi gesäit hie sech an deem neien Team?

  • Tom Becker

    Mir froen den Urbanist vun der Uni Lëtzebuerg, firwat d'Wunnengen esou deier sinn hei am Land, a wat ee kann dorun änneren.

  • Christophe Hansen

    Mir froen ee vun den CSV-EU-Deputéierten, déi iwwreg bleiwen zanter den Europawahlen, wat dat fir déi politesch Aarbecht vun der Partei bedeit.

  • Michel Wolter (CSV)

    Véier Woche sinn et hier, datt een Tornado an de Gemenge Péiteng a Käerjeng grousse Schued gemaach huet. Mir schwätze mam Käerjenger Buergermeeschter.

  • Lex Delles (DP)

    Wéi een Tëschebilan vun der Tourismussaison zitt de Mëttelstands- an Tourismusminister? Doriwwer schwätze mir mam Lex Delles.

  • Gilles Vansteenkiste

    Mam President vun Amnesty Lëtzebuerg geet rieds iwwer intern Problemer an allgemeng Mënscherechts-Froen.

  • Michel Ries

    Dee jonke Cyclist - Joergang 1998 - huet fir zwee Joer bei der WorldTour-Equipe Trek Segafredo ënnerschriwwen.

  • Manou Goergen

    D'Europa League ass fir den F91 Diddeleng net just eng sportlech, mee och eng organisatoresch a logistesch Erausfuerderung. De Member vum Verwaltungsrot am Gespréich.

  • Patrick Dondelinger

    Firwat brauche mir en immateriellt Kulturierwen? Mir froen den zoustännege Beamten aus dem Kulturministere.

  • Robert Mannes

    Mir froen de Responsabele vum Institut Vini-Viticole op de Klimawandel eng Chance fir d'Lëtzebuerger Wënzer ass.

  • Serge Legil

    Wéi ee Bilan zitt de Prisongsdirekter no engem Joer am Amt?

  • Liliane Ferron

    Aktuell Froen zum Thema Déiereschutz mat der Vize-Presidentin vun der Lëtzebuerger Déiereschutzliga Asbl

  • Michel Deckenbrunnen

    Den Éischtgewielte bei de leschte Wahlen an aktuelle Schäffe vu Wäiswampech reagéiert op de kommunale Referendum iwwer de Projet beim Séi.

  • Jean-Paul Scheuren

    D'Analys vum Lëtzebuerger Wunnengsmaart a senge Problemer - aus der Siicht vum President vun der Chambre Immobilière.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen