B-Radio

B-Radio ass déi aner Kulturemissioun hei um 100,7. Loosst Iech iwwerrasche vun dëser Emissioun, déi sech all Mount op eng speziell Manéier mat Kultur a Subkultur am breede Sënn beschäftegt. B-Radio, dat ass eng 100,7-Equipe ronderëm de Michel Delage, deen duerch Emissioun begleet.

De fréiere Flashback zu Uewerkuer

Lëtzebuerger Kultplazen

Wie kennt nach de fréieren Tornado zu Péiteng oder de Flashback zu Uewerkuer? D'Equipe vum B-Radio (Michel Delage, Valerija Berdi a Mike Tock) huet dës an aner Kultplaze vum Lëtzebuerger Nuetsliewen nees operstoe gelooss opgrond vun Temoignagë vu Leit, déi wëssen, vu wat si schwätzen! 

Dir héiert d'Brigitte, den Heng Godefroid, de Jacques Braz, den Änder Depienne, an d'DJe Melting Pol, Carlos Paulus a Riot.

Rezent Emissiounen

  • Summersammelsurium

    Summer ass Sonn, Summer ass Vakanz, Summer si Kandheetserënnerungen - eng lëschteg, rhythmesch an nodenklech Rees duerch eng hannerlëschteg Joereszäit!

  • Spezial Provokatioun

    Verschidde Kënschtler kann oder muss een als Provokateure bezeechnen. Anerer hu just deen Usproch - ouni ëm awer gerecht ze ginn ... Mir maachen den Tri!

  • Manga

    Manga, Anime, Cosplay ... Eng aus Japan importéiert Subkultur, déi sech och bei eis etabléiert huet. Mir exploréieren dës konterbont Welt op eng faarweg Manéier!

  • Lëtzebuerger Kultplazen

    Wie kennt nach de fréieren Tornado zu Péiteng oder de Flashback zu Uewerkuer? Déi aner Kulturemissioun léisst dës an aner Kultplazen nees opliewen.

  • Gigante vum klenge Fussball

    Am Kicker zielt Lëtzebuerg zur Weltelite an de Futsal gëtt hei am Land ëmmer besser - zwou spektakulär Sportaarten, déi absolut hir Plaz am B-Radio hunn!

  • Den Giallo-Stil

    Spannung, Blutt, Witz, mee och méi nodenklech an och absurd Momenter ... Dat alles erwaart Iech an der éischter Episod vun eiser neier Kulturemissioun.

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen