Robert Hall
Viru 50 Joer, de 15., 16.a 17 August 1969 gouf op enger grousser Wiss an der klenger Stad Bethel um Bord vum White Lake am Bundesstaat New York Museksgeschicht geschriwwen. Et war dee legendäre "Woodstock Festvial", dee awer manner duerch seng Qualitéit, wéi éischter duerch duerch déi speziellSituatioun zu engem Mythos gouf. D'Organisateuren hate mat 150 000 Leit gerchent, um Enn waren ronn 500 000 jonk Mënschen komm, ouns déi ze zielen déi ronderëm an Honnerte Kilometere laage Stauen stoungen. Et waren dräi Deeg déi am Fong mat den Héichpunkt vum Hiipie-Mouvement markéiert hunn, dräi Deeg vu "Love, Drugs an Rock'n'Roll". Dräi Deeg déi trotz enormen Drogen- an Alkoholkonsum roueg a friidlech iwwert d'Bühn gaange sinn. Dräi Deeg awer och vu Protest géitn den Establishment a virun allem géint de Vietnam-krich. AN dräi Deeg Musek, wou e munch Weltkarriäre lancéiert goufen, wéi déi vum Joe Cocker, virunallem duerch seng Interpretatioun vun "With a little Help from my friends". De Robert Hall war deemools als 20-Järegen zu Bethel um Woodstock-Festiva mat derbäi, a virun e puer Joer huet de Robert Hall mer seng Andréck vun deemools erzielt.