Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Info-Reunion "post Tornado" zu Käerjeng

An den zwou sinistréierte Gemenge Péiteng a Käerjeng ware gëschter Owend Informatiouns-Reunioune fir d'Leit, déi beim Tornado zu Schued komm sinn. Getrennt an noeneen. Fir d'éischt zu Péiteng, wou knapp 300 Leit komm waren. Duerno zu Käerjeng, wou ronn 400 Leit am Sall souzen. E Reportage vum Maurice Molitor iwwer d'Versammlung am Käerjenger Treff.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen