Buch-Tipp fir de Summer

radio 100,7

Summer, Congé, Vakanz ... Momenter, wou een Zäit a Loscht huet, an e flotte Roman eranzedauchen. Mee wat soll ee liesen? Dacks kléngen d'Beschreiwunge ganz villverspriechend, fir sech duerno als langweileg, gehaltlos an zäitverschwenderesch ze entlarven.

D'Mataarbechter vum radio 100,7 liese sech duerch vill nei Publikatiounen. Déi Bescht stelle si vir. Literatur aus aller Welt ass vertrueden.

Finding Gobi. A Little Dog with a Very Big Heart vum Dion Leonard

Wéi e klenge Mupp engem Leeschtungssportler säin Häerz eruewert an e bessere Mënsch aus him gemaach huet. Et kéint am Fong eng schéi Filmgeschicht sinn, mee si ass reell, awer esou schéin, datt se elo tatsächlech verfilmt gëtt. Den Extremsportler, de Marathon Leefer Dion Leonrad begéint op enger vu senger ville Coursse matten an der Wüst engem klenge Mupp. Wéi déi Renconter säi ganzt Liewen op d'Kopp geheit huet, wollt d'Angie Maquil erausfannen an huet d'Buch gelies.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Panorama

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen