CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Buedemstänneg Interpretatiounen

1995 goufen d'Berliner Barock Soliste mam Konzept gegrënnt, al Musek op modernen Instrumenter ze interpretéieren. Bis 2010 louch d'Direction artistique an den Hänn vum Geiist Rainer Kussmaul. Dës Positioun ass duerno vu Projet zu Projet nei besat ginn, an dat bis an de Mee 2018. D'Joer virdrun hat den Dirigent Reinhard Goebel den Ensembel fir d'Aspillung vum Johann Sebastian Bach senge Brandenburgischen Konzerte dirigéiert an domat esou iwwerzeegt, datt d'Museker hien zum neien Directeur artistique ernannt hunn.

Ënner senger Leedung koum elo déi zweet CD eraus, dës Kéier mam Georg Friedrich Händel senge Concerti Grossi Opus 3.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Spektrum

  • On air

    Ënnerwee

    • Klassik aktuell - Abstract Pieces

  • Noriichten

  • Trendscheif

  • Rockultur

Net verpassen

  • Riicht eraus mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza

    S. Allegrezza.jpg

    An der Emissioun Riicht eraus e Sonndeg leeë mir Zuelen op den Dësch. Mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza geet rieds iwwer déi vill Statistiken, déi de STATEC fir d'Bierger, d'Politik an d'Entreprisë mécht.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen