Parkanlagen aus der Stad an iwwer Land

Martine Reuter

Wien an der Stad wunnt, huet mam Park e Stéck Natur direkt virun der Dier. Déi meescht vun dëse grénge Longen an der Stad Lëtzebuerg goufen no der Festungschléifung ugeluecht. Mee och op anere Plazen uechter d'Land fënnt een esou gréng Zonen. Froen deenen dës nei Serie nogeet: Wéini sinn dës Anlagen entstanen, wat fir Beem a Sträicher ginn ugeplanzt a wéi grouss ass den Aarbechtsopwand beim Ënnerhalt? 

De Jardin de Wiltz an d'Coopératioun

De Jardin de Wiltz, ronn 2,5 ha grouss ass zwar och e Gaart, mee et ass méi wéi nëmmen eng Gréngfläch. Bewonnere kann een hei Baachen, Planzen, Beem a vill kleng Weeër, déi sech an enger doucer Pente de Bierg erop schlängelen.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen