Buch-Tipp fir de Summer

radio 100,7

Summer, Congé, Vakanz ... Momenter, wou een Zäit a Loscht huet, an e flotte Roman eranzedauchen. Mee wat soll ee liesen? Dacks kléngen d'Beschreiwunge ganz villverspriechend, fir sech duerno als langweileg, gehaltlos an zäitverschwenderesch ze entlarven.

D'Mataarbechter vum radio 100,7 liese sech duerch vill nei Publikatiounen. Déi Bescht stelle si vir. Literatur aus aller Welt ass vertrueden.

"Das geheime Leben der Bäume" vum Peter Wohlleben

Datt Bëscher geschützt musse ginn, gouf ënner anerem am leschte Rapport vum Weltklimarot a vun der Ëmweltorganisatioun World Wildlife Fund rezent erëm nei ënnerstrach. Mee wat wësse mir iwwerhaapt iwwer de Bësch an d'Beem am spezifeschen? De Fierschter Peter Wohlleben huet sech fir säi Buch "Das geheime Leben der Bäume" méi genee domat befaasst a liwwert Ablécker an eng deels mysteriéis Welt. D'Françoise Keller hëlt iech fir säi Summer-Buch-Tipp mat an de Bësch.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen