Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Rebellion Festival Blackpool: Punk lieft

Zu Blackpool an England leeft zanter 23 Joer de Rebellion Festival. All Joer am August kommen d'Punks an d'Skins hei zesumme fir véier Deeg laang op Concerten ze goen. Véier Deeg Musek, 12 Stonnen de Dag, eng Erausfuerderung fir eng Zeen, déi an d'Jore komm ass. De Guy Helminger ass do och ronderëm gesprongen an huet eng Musekszeen erlieft, déi nawell al ginn ass, mee nach ëmmer Pogo danzt, wann déi grouss Idoler d'Bühn stiermen. Wien hätt geduecht, dat Punk esou harmonesch kann explodéieren.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen